Un d’Redaktioun vun der Lëtzebuerg Privat

Ech sinn net besonneg frou mat engem Betriib, deen, héiflech ausgedréckt, mat Hallefwouerechten an oniwwerpréiftem Héieresoe probéierten, Skandaler opbaut. Dat dierft kee Geheimnis sinn. En Artikel, deen haut op der Websäit vu LuxPrivat opgetaucht ass, zwéngt mech awer, der Redaktioun dat folgend ze schreiwen: Weiterlesen

Welch Alternativen huet d’Reformpartei?

Eis Aktioun, d’adrenalin an d’adr ze verloossen an dëst oppen ze kommuniquéieren schéngt Friichten ze droen. D’Parteispëtzt vun der Reformpartei huet sech wuel zesummesetze mussen fir déi lescht Deeg, Wochen a Méint Revue passéieren ze loossen. Lues a lues gëtt realiséiert, wat sech do iwwert Méint forméiert huet. Leider ze spéit a leider och nëmmen op extremen Drock!

Haut an der Mëttesstonn huet de Roby Mehlen sech och ëffentlech vum Joe Thein distanzéiert, de Jacques-Yves Henckes ass suguer e Schrëtt méi wäit gaangen a wëll, datt esou Leit direkt an ouni Wenn-und-Aber ausgeschloss ginn. Als deejéinegen, dee Méintlaang ëmmer rëm op d’Mëssstänn higewisen huet, begréissen ech déi Entwécklungen natierlech an ech hoffen, datt dës Saachen och konsequent ëmgesat ginn. De Joe Thein ass just ee vun e puer Fäll… Weiterlesen

Iwwer mäi politescht Engagement… Part II

Virun engem halwe Joer hunn ech mech schon eng Kéier iwwert mäi politescht Engagement geäussert. Éier ech dëse Blogpost ugefaangen hunn, hunn ech deen Éischten nach eng Kéier iwwerflunn an ech sinn iwwerrascht, wéi kloer ech mech deemols dach asgedréckt hat.
Gudd, zënthir ass sou munches geschitt. D’Adrenalin huet den Opstand géint hir Mammepartei an der Asylpolitik geprouft an ech hunn den parteiinterne Bashing vu Verschiddenen, déi vu sech denken, datt se „grouss Liichter“ wieren, iwwerstan. Virun e puer Stonnen hunn ech dem Nationalvirstand vun der adr d’Opléisung vum Nationalvirstand vun der Adrenalin(1) an d’Néierleeung vu mengem Engagement an der Reformpartei matgedeelt, woumadder meng Memberschaft ophällt. Ech sinn et awer enger ganzer Rei Leit, mat deenen ech vill an och gutt zesummeschaffe konnt, schëlleg, hinne meng Beweeggrënn ze erklären. Weiterlesen

Ëmmer méi jonk Verkéiersdoudeger…

Pënktlech zum internationalen Dag vun de Verkéiersaffer an um internationalen Dag vun der Jugend huet de STATEC gëschter hir Statistik presentéiert, déi beleet, datt de gréisste Prozentsaz un Doudesaffer bei de Jonken tëscht 15 a 24 Joer läit. Den Undeel u jonken Affer klëmmt, och wann insgesamt d’Zuel vun den Doudegen an de leschten 10 Joer ganz liicht zréck gaangen ass.

Mat 49,5% maachen d’15-34-Jähreg also de gréissten Undeel vun den Affer aus. 70% vun hinnen sinn owes spéit oder moies fréi ëmkomm, am Prinzip um Heemwee wa se erauswaaren an dunn Heem gefuer sinn. D’Fro déi ee sech stelle misst ass déi, wat een do maache kann, fir déi Zuel ze miniméieren? Weiterlesen

Fëmmverbuet? Léiwer haut wéi muer!

Haut koum d’Meldung iwwer RTL.lu, datt de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo ugekënnegt huet, datt während dem Joer 2012 d’Fëmmverbuet op d’Bistroen an d’Discoen ausgewäit soll ginn[1].

Natierlech ass dat eng Entscheedung, mat där e sech net ganz beléift mëscht, ech wënschen em awer vill Mutt an Ausdauer, datt en dëst Verbuet duerchsetze kann. Weiterlesen

Wisou Lëtzebuerg eng Trennung vu Kierch a Staat brauch…

Wéi ech virun engem Joer ugefaangen hunn, um Positiounéierungspabeier fir d’Adrenalin iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat ze schreiwen, hunn ech mech e bëssen méi déif mat der Relatioun, déi eise Staat mam Vatikanstaat huet, beschäftegt. Nierwt enger ganzer Rei Privilegien, déi dës Glawensrichtung hei zu Lëtzebuerg huet, sinn ech och net derlaanscht komm, fir iwwert de Glaawen u sech nozedenken. Dat folgend si just meng perséinlech Gedankegäng… Weiterlesen

Iwwer mäi politescht Engagement an d’Asylpolitik

Bei jiddwerengem, deen an engem Grupp aktiv ass, sierf dat elo an der Fräizäit, z.b. engem Veräin oder op der Aarbecht, kënnt emol de Punkt, wou en eng aner Vu op verschidde Punkten huet. Grad am Fall vun enger Partei kënnen dës Differenzen dann emsou méi grouss sinn. Dëse Punkt ass elo bei mir an der Asylpolitik komm.

Ech wëll awer nach kuerz virdrun zu mengem politeschen Engagement eppes soen: wéi dir wahrscheinlech wësst, ass d’ADR keng Partei, déi kenger spezieller Ideologie ënnerläit. Se huet sech aus enger 1-Punkt-Partei entwéckelt an no a no nei Punkten mat erageholl. Ech di mech perséinlech ganz schwéier, d’Partei a mech selwer enger politescher Stréimung ënnerzeuerdnen. Ech si weder libertär, nach sozialistesch, am allerwéinegste awer konservativ oder eppes aneschters, an dach sinn ech an enger Partei gelandt, wou verschiddener sech konservativ nennen. Net datt dat eent besser oder schlechter wier wéi dat anert, nee, mee et beschreiwt mech a meng Denkensweis net gutt genuch an eng Festleeung verbitt mer, iwwert mäin Tellerrand erauszekucken, wann ech bannend der Ideologie wëll kohärend bleiwen. D’Basis vun der ADR ass awer och net onbedéngt konservativ. Se ass mat deenen ënnscheedlechste Stréimungen duerchwuess, wéi et bei kenger anerer Partei zu Lëtzebuerg de Fall ass. D’Rentegerechtegkeet war en Thema, fir dat een sech als konservativen CSV-Wieler genee esou wéi als Lénken erwierme konnt.
Weiterlesen

Herausforderung „Digitales Zeitalter“

Es ist nicht neu: wir leben in einer digitalen und vernetzten Welt. Dass diese neuartige Wunderwelt unser aller Leben entscheidend beeinflusst, ist ebenfalls nicht neu. Wir können diese ruhig als einen Evolutionssprung betrachten, denn nie zuvor war so vielen Menschen so viele Informationen verfügbar, bedenkt man, dass das Wissen Jahrtausende lang immer nur lokal und dann meistens auch nur einer ausgewählten Gruppe von Menschen verfügbar war. Weiterlesen

E puer Gedanken zu der Reform vum Secondaire…

Mat vill Interessi hunn ech den 20. Oktober d’Orientéierungssdebatt vun der Edukatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres verfollegt. Wann och mat e puer Méint Verspéidung, krut een e puer nei Detailer zu hierer geplankter Reform vum Secondaire. Och wann ech net mat all Punkt esou ganz d’accord sinn, muss ech dach soen, datt se wesentlech méi schlëmm hätt kënnen ausgesinn.

Mam Ofschafe vu verschidde Sektiounen am Secondaire classique, oder soe mer mol, mat der Regruppéierung vun den heitege Sektiounen an 2 Dominante (Sproochen & Humanwëssenschaften souwéi Mathé a Wëssenschaften) kinnt ech perséinlech liewen. Et ass zwar nach wäit vun engem ideale Schoulsystem - nämlech deem vun engem Eenheetlechen mat moduläre Fächeropbau - ewech, mee et geet schon emol lues a lues an déi Richtung. Dat selwescht gëllt fir den Secondaire technique. Och hei ginn déi eenzel Fachrichtungen zu dës Kéier awer 3 Dominanten regruppéiert: Commerce & Kommunikatioun, Wëssenschaften & Technologie souwéi eng drëtt Grupp déi déi heiteg Paramédical etc. abezitt. Dës Opdeelung schéngt esou och duerchaus Sënn ze maachen. Weiterlesen

Von Jahrhundertreformen und Reförmchen…

In ein paar Tagen ist es wieder so weit. Für tausende Schüler öffnen sich wieder die Türen der Grund- und Sekundarschulen. Einige wenige erwartet jetzt ein völlig neues Schulsystem, das wahrlich keine Revolution auf edukativem Plan darstellt. Bei einem Großteil geht es weiter wie gehabt. Neuigkeiten zu der im März groß angekündigten Sekundarschulreform der Unterrichtsministerin Delvaux-Steheres lässt weiterhin auf sich warten, war doch eine Veröffentlichung einer zweiten Version des Orientierungsdokumentes für diesen Sommer geplant. Weiterlesen